Den HB Mersch 75 huet déi traureg Flicht den Doud vun hirem Grënnungsmemberen a fréieren Goalkeeper vun der 1ter Equippe, den Här Egon Jank, matzedeelen. Senger Fra an der Famill soe mir eist opriichtegt Bäileed.

D'Lëtzebuerger Handballfederatioun an déi gesamt Lëtzebuerger Handballwelt ass an déiwer Trauer.

Haut huet eis d'Nouvelle getraff, dass eise fréiere President vun 2008-2013, de Camille Gira, eis vill ze fréi verlooss huet. De Camille huet zu eiser Handballfamill gehéiert an huet mat ganz vill Engagement versicht an de Jore vu senger Presidence den Handball ze promouvéieren. Hien war bis zum Schluss der Federatioun an dem Handball déif verbonnen, an seng Ënnerstëtzung fir eis Nationalequipe war ëmmer grouss.

De Camille wäert eis feelen, als Gespréichspartner a kompetenten Handballenthusiast. Mir drécke senger ganzer Famill eist häerzlechst Bäileed aus. 
Camille rou a Fridden. 
#mirsinnhandball #mirsinntrauereg (Foto: Quelle RTL.lu) 16.5.2018

Eisen éischte President a Grënnungsmember huet ons den 2 März 2018 fir ëmmer verlooss . Tëschend 1975 an 1978 war hien President an huet eis nach no sengem Amt bei eis,  weider begleet an eis och ni vergiess. Och säin Fils den André Goergen war een treien an ganz gudde Spiller an eiser deemoleger éischter Equippe. Den Michel Goergen wäert fir eis an éiweger gudder Erënnerung bleiwen a mir soen him nach eng läscht Kéier ee grousse Merci dat mir hien als léiwe Mënsch deen hien war, duerfte kennen a schätzen léieren

Google App Download
"Handballevents" dans notre pays
International Handballevents
Daggienew.png
CSMS.PNG
MerschTV.png
CharteFairplayRespect Kopie.png