Calendrier des events extrasportifs
Assemblée GénéraleHBM75_07072020.png
pdflogo.png
BAlloontrophy2020.jpg
BallonTrophy findet nicht statt.png
Event Cancelled.png
Autopsy 3.jpg

HBM Events

Do., 21. Nov., 21:56 (vor 3 Tagen)

an HBM; Bcc: mich

Léif HB - Memberen, - Spillerinnen a Spiller,

 

Den Chrëschtmaart réckelt ëmmer méi no an leider sinn nach vill Tâchen net beluecht. Dofir maachen mir nach dréngenden Opruff fir nach e puer motivéiert Leit ze fannen dei bereet wieren e puer Stonnen hëllefen ze kommen.

 

Et ginn nach iwwert den ganzen Weekend bei deenen verschiddenen Aarbechten Leit gebraucht.

 

Aarbecht 1: Preparatioun Gromperekichelcher Samsdes 30ten November 10h30 - 19h00 

Aarbecht 2: Opbau Samschdes 30ten November 15h00 – 18h00 

Aarbecht 3: Preparatioun (Kniddelen an Glühwäin) Samschdes 30ten November 09h00 – 20h00 

Aarbecht 4: Präsenz Stand-Vente Samschdes 30ten November 17h00 – 01h00 (4 Pers. pro Schicht) 

Aarbecht 5: Präsenz Stand-Vente Sonndes den 1ten Dezember 11h00 – 18h00 (4 Pers. pro Schicht)

Aarbecht 6: Ofriichten Sonndes 1ten Dezember 18h00 – 20h00

  

Dir kënnt och gären nëmmen eng Stonn hëllefen kommen, dir musst keng ganz Schicht iwwerhuelen.

 

Sot ons w.e.g. esou schnell wei méiglech Bescheed wei eng Tâche dir beleeën kënnt.

 

Villmools Merci an bis geschwënn,

 

HBM - Eric Faber

WLH 17112019.jpeg
Clickbutton.png

Leif Memberen, Spillerinnen an Spiller

 

Den 13. Oktober fënnt d'Journée de Commémoration zu Miersch statt. Et wär flott wann mer en puer Léit géifen fannen déi onsen Club op deem Dag representéieren.

Mir treffen eis um 10h00 um Parking Schlasspesch, wou mir dann um 10:15 am Cortège bis bei Dekanatskierch ginn.

Ech géing mech iwwert een Feedback freeën.

 

p.s. Fir den Daggie goes to Topaze sichen mer nach ëmmer Leit déi eng Hand mat upaken.

 

Merci am viraus.

 

MBG GT Events
Jeff Spiewak

Bildschirmfoto 2019-10-09 um 12.35.57.pn
Clickbutton.png

Mir sinn den 12.Oktober mam Daggie am Topaze um Kannerkleedermaart vertrueden. Mir hunn do een Sportatelier wou mer Kanner wëllen motivéieren fir an den Handball ze kommen.
Dofir sichen mir nach fräiwëlleger déi wéilten eng Hand mat upaken.
Mir deelen dat ganzt op 2 Schichten op:
 
1. 10:00 -14:00 Auer
2. 14:00 -18:00 Auer

Vue dass Senior 1 deen Dag um 19:00 Auer auswäerts zu Reiden spillen, wär et wichteg dass mer fir déi 2. Schicht Leit fannen, och wann et just fir 2 Stonnen wär, dann schreift mer dat einfach an der Mail.
 
Wann der Loscht an Zäit hutt mëllt Iech per mail bei GT Events un.

Merci am viraus.