Léif Spiller a Spillerinnen, léif Elteren,

den 30. September wëlle mir beim Heemmatch géint den HB Esch eis Equipe präsentéieren.

Mir treffen eis alleguerten um 19.30 virun der Hal um Parking. Dot wgl alleguerten en Mask un.

Do sinn di déi Responsabel vun den Equipe mat den Trikoten.

U7, U11 an U13 bleiwen dann do. Ca 10 Minutte virum Match ginn si an der Hal präsentéiert. Wann d'Elteren duerno mat hinnen Heem wëlle goen, well den Dag drop Schoul ass, ass dat kee Problem. De Trikot gëtt direkt no der Präsentatioun erëm ofginn.

U15, U17, Dammen a Seniore2 doen hiren Trikot un a ginn op Tribün wou se zesummesetzen. Kuerz virun der Paus ginn sierëm op de Parking, well sinn an der Halbzeit präsentéiert ginn. Den Trikot ginn se nom Match zréck.

Et wier wichteg fir eis Organisatioun an d'Reservatioun vun de Plazen, wann dir folgende Formulaire ausfëllt an en bis spéitstens en Méindeg um Training ofginn oder mailen op hbmersch75secretariat@gmail.com .

D'Spiller hunn fir dëse Match all fräien Entrée, d'Begleeder mussen alleguerten en Entrées-Ticket huelen.

Schreift w.e.gl dat wéi hei drënner ze liesen an de Message!! Leider hunn mir kee Programm fond fir op eisem Site deen Text schon preparéiert an de message ze setzen.

Numm: _________________________                    Telefon: ___________________________

 

  bleiwen um Match                                       bleiwen net um Match

 

Brauch nach __________________ Tickets

 

Numm an Telefon vun den Begleedpersounen:

 

Numm: ________________________                  Telefon: _________________________

 

Numm: ________________________                  Telefon: _________________________

 

Numm: ________________________                  Telefon: _________________________