Umeldung Season Warm- Up 

einfach ausfëllen an "Send" drécken

d'Feld vum "Message" muss nei ausgefëllt ginn

Season Warm-Up Programm

Léif Handballfrënn,

Wéi Dir bestëmmt schonn matkrut, gëtt erëm een Season Warm-Up fir d'Memberen vum HBM organiséiert. 

Hei e klengen Programm wat deen Dag ugebueden gëtt:

Season Warm-Up 16/09/2018 (Baussen nieft an och an der Sportshal zu Miersch Rue des Près):

12h00 - 14h30: Buffet "Auberge Espagnole" (*Detailer ënnert dem Programm)

14h30 - 15h45: Kannertraining fir 7 - 12 Järeger mat de Seniors 1 

15h00: Presentatioun Konzept Multisports

16h15: Match Seniors 1 Mersch vs Red Boys 2 (eis kléng Handballspiller lafen mat eisen Seniors1 op den Terrain)

 

18h15: Match Seniors 2 Mersch vs Pétange 2

 

SpillaSpass: dee ganzen Dag flott Spiller vir Kléng an Grouss

 

Mellt Iech w.e.g. bis spéitstens den 10ten September un oder of. Mir hoffen dass all Mënsch Zäit an Loscht fënnt fir deen Daach mat dobäi kënnen ze sinn.

* Buffet Auberge Espagnole heescht: jiddereen soll eppes matbréngen vir z'Iessen, mir schloen eng Zalot oder soss een kalen Plat oder een Dessert vir. Den Grill an den Killwon mam Gedrénks steet och bereet. (Iessen an Gedrénks zum Akafspräis) 

-Déi Léit déi eng Zalot, Dessert oder soss eppes matbréngen, einfach an der Umeldung uginn.

-Mir géifen ons freeën wann méiglechst vill Léit sech géifen umellen, anerwäerts mëscht deen Event wéineg Sënn.

Limitt minimum 70 Umeldungen.

Bescht Gréiss,

HBM

Mellt Iech w.e.g. bis den 8 September un oder of.